Pressematdeelung 21.08.2017 D’Pressemäerche vun der Wahlsabotage…

D’Pressemäerche vun der Wahlsabotage… D’Partei déi Konservativ weist sech entsat iwwert d’Pressemäerche vun der Wahlsabotage am Lëtzebuerger Wort, an distanzéiert sech ausdrécklech vun dësem Genre politescher Berichterstattung. Hei gëtt d’Partei fälschlecherweis accuséiert, de 17. August en Opruff zur Wahlsabotage vun de Gemengerotswahle vum 8. Oktober 2017 gemaach ze hunn a sech scho bal gesetzeswiddreg géint…

Pressematdeelung 17.08.2017 D’Zockersteier – Verloscht vu Fräiheet an Déifstall um Steierzueler

D’Zockersteier – Verloscht vu Fräiheet an Déifstall um Steierzueler. D’Partei déi Konservativ weist sech immens kritesch géintiwwer enger sougenannter “Zockersteier” op de Gedrénkskonsum, eng Iddi, déi wuel scho länger ee politesche Gedanken am Regierungskrees ass. Zwar schwätzt d’Madame Gesondheetsministesch nach net vun haut a muer, fir d’entspriechend d’Schafung an d’Aféierung vun enger neier Gambiasteier, ma…

Fir ee nationaalt Burkaverbuet an absoluter Form.

Fir ee nationaalt Burkaverbuet an absoluter Form. D’Partei déi Konservativ begréisst d’Decisioun vu Regierung a Chamber, sech nach esou kuerz virun der Summervakanz, mat der Fro ëm d’Burka ausernaner ze setzen, an domat eng wichteg politesch Regelung an d’Gesellschaftsliewen ze ruffen. De Gesetzesprojet geet an eisen Aen, allerdéngs net wäit genuch, an ass eng hallefhäerzeg…

déi Konservativ – Pressematdeelung 09.06.2017 Congratulations to the Conservative Party

Pressematdeelung 09.06.2017 Congratulations to the Conservative Party. D’Partei déi Konservativ gratuléiert der Conservative and Unionist Party (kuerz Conservative Party) aus dem Vereente Kinnekräich zu hirem Wahlerfolleg béi de Parlamentswahle vum 8. Juni 2017. Trotz dem Verloscht vum absolute Majoritéitsstatus, bleift d’Conservative Party beschtgewielte Partei. Et ass dëst iwwerdeems, net just d’Confirmatioun fir d’Premierministesch Theresa May,…

Stellungnahm 02.06.2017 Changementer am Nationalkomitee

Stellungnahm 02.06.2017 Changementer am Nationalkomitee D’Partei déi Konservativ informéiert Iech gären, no hirem Nationalkomitee vum 1. Juni 2017 iwwert decidéiert, personell Changementer, um Niveau vun der Parteispëtzt. Mam Ausscheede vun dräi Komiteesmemberen aus dem Nationalkomitee, dem Guy PEIFFER (datéiert op den 23. Mee), dem Guy MALANÉ (datéiert op den 30. Mee) an dem Pol MORANG…

Pressematdeelung 24.05.2017 Gelift? Fir méi Gesondheet, manner Fräiheet?

Pressematdeelung 24.05.2017 Gelift? Fir méi Gesondheet, manner Fräiheet? D’Partei déi Konservativ steet an hire Prinzipien fir d’Stäerken an d’Verdeedegen vun demokratesche Fräiheete vum Individuum. Mam neie, méi strenge Fëmmgesetz wat elo d’Chamber op Regierungsinitiativ decidéiert, fäert d’Partei allerdéngs ëm ze vill politescht Diktat, an ze vill Staat, bei der Äntwert op d’Fro, wéi d’Privatsphär an…

Pressematdeelung 26.04.2017 Eng simplistesch a populistesch Deklaratioun zur Lag vun der Natioun!

D’Partei “déi Konservativ“ weist sech enttäuscht, iwwert d’Deklaratioun zur Lag vun der Natioun vum 26. Abrëll 2017, an zitt op e Neits d’Feststellung, datt d’Gambiaregierung laanscht d’Interessen an d’Prioritéite vu Land a Leit regéiert. D’Deklaratioun zur Lag vun der Natioun ass mat de wichtegsten Zäitpunkt am politesche Liewen, do, wou de Premierminister am Regierungsnumm national…

déi Konservativ Pressematdeelung 18.04.2017 D’Tierkei gehéiert net an d’Europäesch Unioun!

déi Konservativ Pressematdeelung 18.04.2017 D’Tierkei gehéiert net an d’Europäesch Unioun! D’Partei “déi Konservativ“ mécht sech Suergen, ëm d’politesch Entwécklung an der Tierkei, mat entspriechendem Impakt op Europa. Nom Verfassungsreferendum, deen de Wee fräi mécht, an eng absolutistesch Diktatur mam President Recep Tayyip Erdoğan un der Spëtzt, an ewech vun allen demokratesche Spillregelen, fuerderen déi Konservativ…

déi Konservativ Pressematdeelung 14.04.2017 Wahlofkommes minus eng Partei?

déi Konservativ Pressematdeelung 14.04.2017 Wahlofkommes minus eng Partei? D’Partei “déi Konservativ“ huet de 14. Abrëll 2017 zur Kenntnis geholl, datt d’Parteien eng gemeinsam Pressekonferenz zum Wahlofkommes aberuff, an ee géigesäitegen Accord, fir ee faire Gemengewahlkampf den 8. Oktober 2017, ënnerschriwwen hunn. D’Partei bedauert zudéifst, net op dëse Rendez-vous invitéiert ginn ze sinn, an dat obwuel…

Pressematdeelung 11.04.2017 Déi Konservativ, d’politesch Alternativ!

Pressematdeelung 11.04.2017 Déi Konservativ, d’politesch Alternativ! D’Partei „déi Konservativ“ huet den 10. Abrëll 2017, hire Nationalkongress an der Gemeng Péiteng, am Café Comeback zu Rodange ofgehalen. D’Partei huet am Krees vu méi wéi fënnef-an-drësseg Leit, hir politesch Gebuertsstonn vum 21. Mäerz 2017 gefeiert, a mat hirem éischten, aussergewéinleche Nationalkongress, d’Partei offizialiséiert. An de Riede gouf…